Olympesch Wanterspiller 2006/Alpinschi
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bei den XX. Olympesche Wanterspiller 2006 zu Turin goufen 10 Courssen am Alpinschi gefuer.
Siwe Kompetitioune waren zu Sestriere, ronn 100 Kilometer westlech vun Turin. D'Offaart, de Super-G an d'Kombinatioun vun de Männer ass op der Pist Kandahar Banchetta gefuer ginn. De Riseslalom vun de Fraen a Männer war op der Pist Sises an de Slalom op der Giovanni A. Agnelli.
Dräi Courssen, d'Offaart, de Super-G an d'Kombinatioun vun de Frae sinn op der Pist Fraitève an der Gemeng Cesana Torinese (97 km vun Turin ewech) ofgehale ginn.