From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Olympesch Summerspiller 1992, offiziell Spiller vun der XXV. Olympiad, goufe vum 25. Juli bis den 9. August 1992 zu Barcelona a Spuenien organiséiert.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der XXV. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Motto | Frënn fir d'Liewen |
Maskottchen | Cobi |
Land | Spuenien |
Stad | Barcelona |
Ufanksdatum | 25. Juli 1992 |
Schlussdatum | 9. August 1992 |
opgemaach vum/vun der | Juan Carlos I. vu Spuenien |
Olympeschen Eed | Luis Doreste, Eugeni Asensio |
Olympesch Fakel | Antonio Rebollo |
Kompetitiounen | 257 an 25 Sportaarten |
Ekippen | 169 |
Athleeten | 9.356 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1988 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1996 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/barcelona-1992 |
Baseball ass als Olympesch Sportaart opgeholl ginn, grad ewéi Badminton a Judo fir d'Dammen.
De spuenesche Steiermann am Aachter, den 11-järege Carlos Front, war de jéngsten Olympionik zënter 1900.
Et hunn 169 Natioune mat am Ganzen 9.356 Olympioniken (2.704 Fraen a 6.652 Männer) bei 257 Kompetitiounen a 25 Sportaarte matgemaach.
No 20 Joer war et déi éischt Kéier datt nees Athleete vun allen Natiounen déi en Nationalen Olympesche Kommitee haten, vertruede waren (am Fall vu Jugoslawien awer net als Vertrieder vun hirer Natioun). Südafrika war nom Ausschloss wéinst senger Apartheid-Politik am Joer 1960 nees déi éischt Kéier derbäi. Et war och déi éischt Participatioun vun enger gesamtdäitscher Ekipp no der däitscher Reunifikatioun. Well d'Sowjetunioun 1991 opgeléist gi war, hunn Estland a Lettland no 1936 a Litauen no 1928 nees hir eegen Ekippen op d'Summerspiller geschéckt. D'Athleeten aus den aneren Nofollgerstaate vun der Sowjetunioun hunn an enger „Vereenter Ekipp“ matgemaach. Jugoslawie war wéinst dem Balkankrich ausgeschloss ginn; d'Athleeten duerften awer als „Independent Olympic Participants“ ënner dem Kierzel IOP deelhuelen.
Lëtzebuerg war zu Barcelona mat 6 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 18. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vum Schwëmmer Yves Clausse gedroen.
Commons: Olympesch Summerspiller 1992 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.