Den Nordesche Rot an den Nordesche Ministerrot sinn international Organer mat dem zentralen Uleies d'Kooperatioun tëscht den Nordesche Länner ze verbesseren. Béid Institutioune fungéieren éischter als Kommunikatiouns- a Koordinatiounsfore wéi als supranational Organisatiounen. Gemenkerhand ginn den 1952 gegrënnten Nordesche Rot an den nodréiglech 1971 etabléierten Nordesche Ministerrot ënner dem Begrëff "Norden" zesummegefaasst.

Thumb

De Rot konzentréiert sech op d'interparlementaresch Zesummenaarbecht andeems de Ministerrot fir d'Koordinatioun um Niveau vun de Regierunge responsabel ass. Béid Institutiounen hunn hiert Sekretariat zu Kopenhagen. Sëtzunge sinn normalerweis just eemol d'Joer.

De Logotyp vum Nordesche Rot gouf 1985 adoptéiert. De Schwan huet aacht Plommen a symboliséiert déi aacht Memberen.

Memberen

Nieft de fënnef nordesche Staaten hunn déi dräi autonom Territoirë vun de Färöer Inselen, Grönland (béid Dänemark) an Åland (Finnland) separat Sëtz an de Réit.

Sëtzverdeelung:

Um Spaweck

Commons: Nordic Council – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.