Lieu-dit a Bierg bei Veianen From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Niklosbierg (lokal: Niklosbärig[1]) ass e Lieu-dit an e 497 m héije Bierg 2 km westnordwestlech vu Veianen, um Bord vum CR322.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Niklosbierg Niklosbärig | |
---|---|
De Lieu-dit an de Parking um Niklosbierg (2008) | |
An anere Sproochen |
fr: Niederwiltz de: Niederwiltz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng |
Veianen Tandel Pëtschent |
Buergermeeschter |
François Weyrich Carole Gils Fabienne Huberty |
Héicht | 470 m |
Koordinaten | 49°56'31,992"N, 6°10'10,992"O |
Um Niklosbierg goufen ufangs vun den 1960er Joren déi zwéin iewescht Basenge vum Pompelspäicherwierk vun der Our ugeluecht. D'Basenge leie gréisstendeels an der Gemeng Veianen, kleng Deeler an de Gemengen Tandel a Pëtschent.
Den Däich, déi ronderëm d'Basenge leeft, ass 4,6 km laang. D'Basengen hunn e Volume vu 7,2 Mio m3. De Wee, op der Kroun vum Däich, ass op enger Héicht vu 511 Meter.
Et kann een déi Basenge kucke goen, et fiert e Bus vu Veianen aus op den Niklosbierg, wou och e Parking ass. Vum Parking aus féiert eng Trap erop op en Aussiichtstuerm iwwer dem Baseng. Den exakt 5 km laangen Tour ronderëm d'Basengen ass e beléiften Trëppeltour an Joggingsparcours mat schéine Vuen op d'Géigend ronderëm.
Commons: Niklosbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Pompelspäicherwierk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.