From Wikipedia, the free encyclopedia
En Niewemound ass en Haloevenement, dat duerch d'Refraktioun vum Moundliicht an Äiskristallen an der Troposphär ausgeléist gëtt.
Analog zu den Niewesonnen trëtt d'Evenement mat engem Ofstand vu ronn 22° béidsäiteg vum Mound, an an der Reegel nëmme bei enger Bedeckung mat Cirrus- oder Cirrostratuswolleken op, kann awer prinzipiell och vun Äiskristallen an niddreger Héicht (z. B. Polarschnéi) ausgeléist ginn. Niewemounde si méi rar wéi Niewesonnen, well de Mound méi eng kleng Liichtstäerkt wéi d'Sonn huet. Si sinn dofir och meeschtens nëmme bei Vollmound ze gesinn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.