Nidderrhäin-Westfälesche Krees
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nidderrhäin-Westfälesche Räichskrees (am 16. Joerhonnert och nach Nidderlännesch-Westfälesche Räichskrees[1], méi spéit och dacks just Westfälesche Räichskrees) war ee vun den zéng Räichskreesser, an déi ënner dem Keeser Maximilian I. 1500, resp. 1512 d'Hellegt Réimescht Räich agedeelt gi war. 1512 bestoung en aus 55 Kreisständen, deenen hir Vertireder d'Kreistage gebilt hunn.
Déi Versammlunge goufen nëmme seelen zesummegeruff, wann, da meeschtens zu Köln; d'Kreesarchiv war zu Düsseldorf. 1555 gouf den Herzog vu Jülich-Kleve-Berg Kreisoberst, säi reliéise Pendant war de Prënzbëschof vu Münster.
D'Grofen an d'Häre waren zanter 1653 am Nidderrhäin-Westfälesche Räichsgrofekollegium zesummegeschloss.
Wéi 1806 all Territoire lénks vum Rhäin u Frankräich goungen, ass de Krees opgeléist ginn.