From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nationalpark Plitvicer Séien [ˈplitʋitsɛr] (Kroatesch: Nacionalni park Plitvička jezera), ass dee flächeméisseg gréissten Nationalpark a Kroatien an deen eelsten Nationalpark a Südosteuropa. E gouf 1949 gegrënnt a läit an der hiwwelger Karstregioun an Zentralkroatien, net wäit ewech vun der Grenz mat Bosnien an Herzegowina. En ass 296,85 Quadratkilometer grouss.
D'Plitvicer Séie goufen 1979 als eent vun den éischten Naturmonumenter vun der Welt op d'Lëscht vun der UNESCO-Weltnaturierwen opgeholl.
Charakteristesch sinn d'Séien, déi wéi Kaskaden anenee lafen, a vun deenen et der 16 ginn. Ronn eng Millioun Leit besichen all Joers den Nationalpark.
Wéinst ënnerschiddleche klimateschen Aflëss, a wéinst de groussen Héichtenënnerscheeder, gëtt et eng aussergewéinlech diversifizéiert Flora a Fauna, dorënner och eng Rëtsch endeemesch Aarten.
Verschidden Szeenen aus de Karl-May-Verfilmungen aus den 1960er Jore goufe bei de Plitvicer Séie gedréint.
Commons: Plitvice Lakes National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.