Napoleon Bonaparte
franséische Generol a Keeser / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Napoleon Bonaparte (eigentlech Napoleone Buonaparte[1], korsesch och Nabulione), 15. August 1769 - 5. Mee 1821, war e franséische Generol vun der Revolutioun an huet Frankräich zanter 1799 dirigéiert, fir d'éischt als Éischte Konsul, respektiv als Konsul op Liewenszäit, an dunn, vun 1804 bis 1815, als Keeser vun de Fransousen. Hien huet, am Kontext vun de Koalitiounskricher géint Frankräich, duerch säi militäresche Genie ee groussen Deel vum kontinentalen Europa ënnerworf an ënner der Leedung vu Frankräich nei organiséiert. Dobäi huet en zu engem gudden Deel op seng Geschwëster zeréckgegraff, fir d'Tréin vun enger Rëtsch vu Länner nei ze besetzen.
Napoleon I. | |
---|---|
Titelen | |
Virgänger | Louis XVI. |
Nofollger | Louis XVIII. |
Biographie | |
Gebuer |
15. August 1769 Ajaccio |
Gestuerwen |
5. Mee 1821 Longwood House |
Bestuet mat |
Joséphine de Beauharnais, Marie-Louise vun Éisträich |
Liewenspartner | Maria Walewska, Pauline Fourès, Emilie Kraus von Wolfsberg |
Papp | Carlo Buonaparte |
Mamm | Laetitia Ramolino |
Geschwëster | Elisa Bonaparte, Louis Bonaparte, Caroline Bonaparte, Paolina Bonaparte, Joseph Bonaparte, Lucien Bonaparte, Jérôme Bonaparte |
Kanner | Napoleon II., Charles Léon, Alexandre Colonna Walewski, Eugen Megerle von Mühlfeld |
Säi Spëtznumm bei sengen Zaldote war le petit caporal, d'Englänner hunn en Oger genannt, an am Département des Forêts war de Bonaparte als Bounepaart bekannt, een Numm dee besonnesch fir d'Goldmënz mat sengem Kapp gebraucht gouf.