![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/66/Zenith-Nadir-Horizon-lb.svg/langlb-640px-Zenith-Nadir-Horizon-lb.svg.png&w=640&q=50)
Nadir (Richtung)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Nadir (aus dem Arabeschen: نظير nadhir – Géigendeel) gëtt an der Geometrie an an der Himmelsnavigatioun de Fousspunkt bezeechent dee vis-à-vis vum Zenit läit. Den Nadir läit op der Verlängerung vum Senkel no ënnen a kann als Richtungsangab och fir d'Direktioun Senkel stoen. Den Nadir ass e wichtege Punkt vun der Eenheetskugel fir d'sphäresch Astronomie an d'Trigonometrie.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/66/Zenith-Nadir-Horizon-lb.svg/220px-Zenith-Nadir-Horizon-lb.svg.png)
An der Geodesie an an der Photogrammetrie ginn Héichtewénkelen heiansdo op den Nadir bezunn. Amplaz vun Zenitwénkel oder Zenitdistanz schwätzt een da vun Nadirdistanz.