Nadia Murad
Jesidesch Mënscherechtsaktivistin aus dem Irak a Friddensnobelpräisdréierin (2018) / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nadia Murad Basee Taha (arabesch: نادية مراد باسي طه), gebuer 1993 zu Kocho, Sindschar am Irak, ass eng irakesch (jesidesch) Mënscherechtsaktivistin déi den IS-Genozid um jesidesche Vollek vun 2014 iwwerlieft huet. Si ass zanter September 2016 déi éischt Sonnerambassadrice vun de Vereenten Natiounen fir d'Dignitéit vun deenen déi de Mënschenhandel iwwerlieft hunn. Den 10. Dezember 2018 krut se zu Oslo zesumme mat Denis Mukwege de Friddensnobelpräis. Si ass déi éischt Irakerin an eenzeg Jesidin, déi ee Friddensnobelpräis kritt huet.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Zoumaachen