![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2b/NGC_2403HST.jpg/640px-NGC_2403HST.jpg&w=640&q=50)
NGC 2403
Spiralgalaxie am Stärebild Camelopardalis / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den NGC 2403 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Camelopardalis vum Hubble-Typ Sc. Den NGC 2403 huet eng Wénkelausdeenung vu 17,8' × 11,0' an eng visuell Magnitude vu +8,4 mag. Domat zielt déi Galaxie, déi zimmlech gutt ze gesinn ass, zu den hellste Galaxien um Nordhimmel, déi net an de Messier-Katalog opgeholl goufen.
Méi Informatiounen Date vum NGC 2403 ...
Date vum NGC 2403 | |
---|---|
![]() | |
Stärebild | Camelopardalis |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 07h 36m 48s |
Deklinatioun | +65° 35' 50" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | SABcd |
Visuell Magnitude | +8,4 m |
Wénkelduerchmiesser | 17,8' × 11' |
Flächenhellegkeet | 14,2 mag/arcmin2 |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zu der | M81-Grupp |
Distanz | 12 Millioune Liichtjoer |
Routverrécklung | 0,00044 ± 0,00001 |
Heliozentresch radial relativ Vitess | +131 ± 3 km/s |
Absolut Hellegkeet | |
Absolutten Duerchmiesser | zirka 40.000 Liichtjoer |
Mass | Sonnemassen |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 2403, UGC 3918, PGC 21396, MCG 11-10-7, ZwG 309.40, ZwG 310.3, IRAS 07321+6543, GC 1541, Kara 197 |
Zoumaachen
Den NGC 2403 gouf am Joer 1788 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
D'Galaxie ass Member vun der sougenannter M81-Galaxiëgrupp an ass ronn 12 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Am Joer 2004 war eng Supernova 2004dj an dëser Galaxie ausgebrach. Schonn am Joer 2002 gouf SN 2002kg a virdrun SN 1954J an der NGC 2403 gesinn.
- Supernova SN 2004dj an der Galaxie NGC 2403
- NGC 2403 illustréiert.
- Infrarout-Foto vum NGC 2403 vum Spitzer-Weltraumteleskop
- Infrarout-Foto vum NGC 2403 vum Spitzer-Weltraumteleskop