Märchen
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Märchen ass eng Prosaerzielung mat fantasteschen an iwwernatierlechen Elementer.
D'Wuert kënnt aus dem alhéichdäitschen „mari“ (berüümt) an ass eng Diminutivform vum mëttelhéichdäitschen „maere“ (Noriicht).
D'Figure sinn am Allgemenge Feeën, Geeschter, Risen, Zwergen, Draachen déi Feier späizen, Déieren déi schwätzen, Geeschter déi alleguer hëllefen, datt dat Gutt gewënnt oder och alt emol net.
Märercher sinn zanter Joerhonnerten mëndlech iwwerliwwert ginn. Dat sinn d'Volleksmärercher, déi méi spéit gesammelt goufen an an där Form nach haut bekannt sinn. Donieft gëtt et d'Konschtmärercher, déi besonnesch an der däitscher Romantik beléift waren.