US-amerikanesche Sportler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Muhammad Ali [ɑːˈliː], gebuer als Cassius Marcellus Clay, Jr. de 17. Januar 1942 zu Louisville am Kentucky, a gestuerwen den 3. Juni 2016, war en US-amerikanesche fréiere professionelle Boxer, deen zu de Beschten am Schwéiergewiicht an der Geschicht vun deem Sport gezielt gëtt.
Muhammad Ali | |
---|---|
Gebuertsnumm | Cassius Marcellus Clay, Jr. |
Gebuer |
17. Januar 1942 Louisville |
Gestuerwen |
3. Juni 2016 Scottsdale |
Doudesursaach | Krankheet vun den Otemweeër |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Santa Monica College |
Aktivitéit | Boxer |
Gréisst | 191 cm |
Kompetitiounsklass | Boxen |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
Famill | |
Papp | Cassius Marcellus Clay Sr. |
Mamm | Odessa Grady Clay |
Geschwëster | Rahman Ali |
Kanner | Maryum Ali, Muhammad Ali Jr. |
Am Alter vun 22 Joer gouf hie fir d'éischt Weltmeeschter am Schwéiergewiichtsboxen.
Hien ass och bekannt fir säi politescht Engagement an den 1960er an 1970er Joren: Sou huet hie sech fir d'Unerkennung vun de Schwaarzen an Amerika agesat a sech der Nation of Islam ugeschloss a säin Numm geännert. 1967 huet hien aus Gewëssensgrënn refuséiert, sech an d'Arméi (fir de Vietnamkrich) anzéien ze loossen, wouropshin him säi Boxtitel oferkannt gouf, an e fir eng Rëtsch Joren net méi huet däerfen an den USA boxen. 1971 huet dat Iewescht Geriicht him Recht ginn.
Dono huet hien nach zweemol, 1974 an 1978, de Weltmeeschtertitel am Schwéiergewiicht gewonnen. Hien ass och bekannt fir bei historesche Boxmatcher matgemaach ze hunn, dräimol géint den Joe Frazier, an eng Kéier, an The Rumble in the Jungle zu Brazaville, géint den George Foreman.
1999 gouf hie vum Internationalen Olympesche Comité zum "Sportler vum Joerhonnert" gewielt.
Commons: Muhammad Ali – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.