![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c0/Lunar_libration_with_phase2.gif/640px-Lunar_libration_with_phase2.gif&w=640&q=50)
Moundphas
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Moundphase[1] bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd wärend sengem Äerdëmlaf.
- Et ënnerscheet ee Vollmound, ofhuelende Mound, Neimound an zouhuelende Mound.
- Neimound, Vollmound an déi béid Hallefmounde bezeechent een als Haaptphasen.
- Am visuelle Widdersproch zu der allgemenger Bezeechnung Hallefmound – dat ass d'Hallefphas (Dichotomie) – bezéie sech d'Astronomen op de volle Zyklus vum Mound an nennen déi zouhuelend Hallefphas éischt Véirel, déi ofhuelend entspriechend lescht Véirel.
- Déi ganz schmuel Moundséchele bezeechne si als Neiliicht an Alliicht.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c0/Lunar_libration_with_phase2.gif/320px-Lunar_libration_with_phase2.gif)