![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/24/Lunularia_cruciata.jpg/640px-Lunularia_cruciata.jpg&w=640&q=50)
Moosplanzen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Moosplanzen, déi wëssenschaftlech Bezeechnung ass Bryophyta (griich.: bryon = Moos; phyton = Planz), sinn eng Ofdeelung vun de Planzen a gehéieren zu de Landplanzen (Embryophyta).
Séier Fakten Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...
![]() | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Moosplanzen |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Bryophyta | |
Hornmoos Liewermoos Lafmoos | |
![]() |
Zoumaachen
Moosplanzen hu weeder e Still nach Wuerzelen. Dat meescht Moos ass bebliedert Lafmoos. Si si wéi d'Gefässporeplanzen heteromorph a wiessele vu Generatioun op Generatioun tëscht zwou Gestalten: dem Gametophyt mat einfachem Chromosomesaz an dem Sporophyt mat duebelem Chromosomesaz.