Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (P)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Monument Pafemillen | um Wee vum Châlet Léon Dehon bei d'Eisebunn | Pafemillen | 6. Juli 1969 | 50° 06’ 29’’ N 06° 00’ 25’’ O | |
Monument aux morts | bei der Kierch | Pärel | 49° 48’ 35.07’’ N 05° 45’ 53.49’’ O | ||
Monument 385th Bomb Group | um Rond-point bei der Kierch | Pärel | 21. Juni 1998 | 49° 48’ 35.07’’ N 05° 45’ 53.49’’ O | |
US-Monument | Kräizung N5B / CR111 / Belair-Strooss | Péiteng | 1946 | 49° 33’ 38.5’’ N 05° 52’ 20’’ O | |
Borne du Passeur | Fréiere Kierfecht | Péiteng | 1961 | 49° 33’ 27.5’’ N 05° 52’ 31.6’’ O | |
Erënnerungsplack un d'Zwangsrekrutéiert | Square Victimes du nazisme, nieft der Gemeng | Péiteng | 49° 33’ 24’’ N 5° 52’ 37.35’’ O | ||
Monument Chauvin | um Enn vun der Prënzebiergstrooss | Péiteng | 49° 33’ 00.1’’ N 05° 53’ 04.2’’ O | ||
Monument an der Kierch | am rietse Säitescheff | Péiteng | 2. November 1946 | 49° 33’ 27.7’’ N 5° 52’ 32.7’’ O | |
Monument aux morts | am Park, virun der Parkschoul | Péiteng | 49° 33’ 28.9’’ N 5° 52’ 35.4’’ O | ||
Erënnerungsplack un déi éischt Zivilaffer am 2. Weltkrich | Schoulhaff | Péiteng | |||
Monument fir d'gefalen Eisebunner | am Hall vun der Gare | Péiteng | 7. Mäerz 1954 | 49° 33’ 15.8’’ N 05° 52’ 45.3’’ O | |
Monument fir d'gefale Foussballisten | beim Stade Municipal | Péiteng | 14. Mee 1950, deplacéiert, nees ageweit 6. Juli 2003 | 49° 33’ 26,7’’ N 05° 51’ 27.45’’ O | |
Monument fir russesch Krichsgefaangen | Kierfecht | Péiteng | 15. Oktober 1989 | 49° 33’ 07.54’’ N 5° 52’ 39.04’’ O | |
Scoutskapell | Prënzebierg | Péiteng | 49° 32’ 57.9’’ N 5° 52’ 22.8’’ O | ||
US-Monument | ass an der Maach | Pëtschent | |||
Monument fir d'Zaldote vun der 26th Infantry Division | op der N12 tëscht Proz a Groussbus | Proz | 49° 48’ 39.35’’ N 5° 56’ 47.58’’ O |