![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/82/%2522Finger_of_God%2522_Bok_globule_in_the_Carina_Nebula.jpg/640px-%2522Finger_of_God%2522_Bok_globule_in_the_Carina_Nebula.jpg&w=640&q=50)
Moleküllewollek
From Wikipedia, the free encyclopedia
Moleküllewolleke sinn interstellar Gaswolleken, deenen hir Gréisst, Dicht an Temperatur d'Bildung vu Moleküllen erlaabt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/82/%22Finger_of_God%22_Bok_globule_in_the_Carina_Nebula.jpg/640px-%22Finger_of_God%22_Bok_globule_in_the_Carina_Nebula.jpg)
Den Haaptbestanddeel vu sou enger Wollek ass molekulare Waasserstoff (H2), entspriechend der Heefegkeet vun den Elementer. Deen ass ganz schwéier z'observéieren, woufir seng Heefegkeet dacks nëmme mat Hëllef vun anere Moleküllen ze bestëmmen ass. D'Moleküll dat mat am beschten observéiert ka ginn ass de Kuelemonoxid (CO), wou d'Spektrallinne mat Radioteleskopen nogewise kënne ginn. D'Heefegkeet vun anere Moleküllen ass op d'mannst ëm de Faktor 1000 méi niddreg wéi d'Heefegkeet vun H2. Wann d'Wollek dicht genuch ass, kënne sech vill Aarte vu Moleküllen entwéckelen, bis hin zu komplexen Aminosaieren.[1] Eng gewëssen Dicht ass noutwendeg, fir d'Molekülle virun der Stralung ze sécheren, well déi se soss nees zerstéiert. Ganz dicht a kal Moleküllewolleke sinn als Donkelwolleke bekannt, et sinn d'Gebuertsplaze vun de Stären.
Zanter Mëtt vun den 1960er Jore goufe mat Radioteleskopen en ettlech Moleküllen am interstellare Medium nogewisen, ënner anerem den Hydroxyl-Radikal (OH) an den Cyan (CN). Dës Moleküllen emittéieren d'Stralung am Millimeter-Wellelängteberäich. An der Tëschenzäit sinn iwwer 150 ënnerschiddlech Moleküllen[2] an de Moleküllewolleken entdeckt ginn, wéi z. B. Waasser (H2O), awer och gëfteg Substanze wéi Blosaier (HCN) a souguer Alkohol. De Kuelemonoxid bleift dat bedeitendst Moleküll fir d'Erfuerschung vun de Moleküllewolleken, well een op Grond vum CO/H2-Verhältness d'Mass vu sou enger Wollek bestëmme kann. Méi wéi d'Hallschent vun der (baryonescher) Mass vun der Mëllechstrooss stécht an de Moleküllewolleken.