![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/39/Mitochondrie.svg/langlb-640px-Mitochondrie.svg.png&w=640&q=50)
Mitochondrie
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Mitochondrie ass en Organell vun der eukaryotescher Zell. Si huet eng duebel Membran an ass ongeféier 1-5 μm laang bei engem Duerchmiesser vun zirka 0,5 μm. Déi baussecht Membran ass glat gestreckt, déi bannescht gefaalt. Sou kann een zwee Kompartimenter ënnerscheeden: den tëschemembranéise Raum an de bannenzege Raum, dee Matrix genannt gëtt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/39/Mitochondrie.svg/640px-Mitochondrie.svg.png)
1 Bannemembran, 2 Baussemembran, 3 Crista, 4 Matrix.
Baussen- a Bannemembran hu verschidden Zesummesetzunge wat d'Phospholipiden ugeet. An der Matrix fënnt een eng oder méi kreesfërmeg DNA-Moleküllen. Dëst sinn nëmmen zwéin Argumenter zu Gonschte vun der Endosymbiostheorie déi seet, datt Mitochondrien vu fräiliewende Bakteerien ofstamen, déi vun eukaryoteschen Zellen opgeholl goufen, a mat dësen am Laf vun der Evolutioun eng Symbios agaange sinn. Well d'Mitochondrien nëmmen aus Mitochondrie kënnen ervirgoen déi et scho gëtt, (d'Zelle kënne keng entstoen dinn), a se duerch hir DNA en Deel vun hire Proteinne selwer codéieren, schwätzt e vu semi-autonomen Organellen.