![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/43/Minotaur-2_1.jpg/640px-Minotaur-2_1.jpg&w=640&q=50)
Minotaur (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Minotaur ass eng US-amerikanesch Rakéitefamill, deenen hir verschidde Versioune souwuel als Drorakéite wéi och fir suborbital Starten am Kader vu Rakéitenofwiertester agesat ginn. D'Minotaur gëtt vun der Entreprise Orbital Sciences hiergestallt. Den éischte Start war de 26. Januar 2000. D'Rakéite kënne vun der Cape Canaveral AFS a Florida, der Vandenberg AFB a Kalifornien, vum Kodiak Launch Complex an Alaska a vun der Wallops Flight Facility a Virginia gestart ginn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/43/Minotaur-2_1.jpg/320px-Minotaur-2_1.jpg)
Well d'Minotaur-Rakéiten op ofgerëschten Interkontinentalrakéite baséieren, déi am Besëtz vun der US-Regierung sinn, kënne se net kommerziell vermaart ginn a stinn nëmmen der amerikanescher Arméi an der NASA zur Dispositioun.