Miniaturmusée zu Tychy
Musée fir Miniaturen / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Miniaturmusée zu Tychy oder och de Miniaturmusée vun der professioneller Konscht vum Henri Jan Dominiak zu Tychy (pol.: Muzeum Miniaturowej Sztuki Profesjonalnej Henryk Jan Dominiak w Tychach) ass e Musée fir Miniaturen[1][2] an der moderner an zäitgenëssescher Konscht, deen zu Tychy,[3] am Süde vu Polen, an der Woiwodschaft Schlesien, steet.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Land | Polen |
---|---|
Gemeng | Woiwodschaft Schlesien |
Koordinaten | 50°7'0,5"N, 18°58'40,8"O |
Datum vum Bau | 16. Abrëll 2013 |
De Musée läit an der Kompetenz vum polnesche Ministère fir Kultur an nationale Patrimoine[4][5], wat am interne Reglement vum Musée festgehalen ass[6][7].
De Musée gouf de 16. Abrëll 2013 gegrënnt[3] a geet op eng Initiativ vum Kënschtler Henri Jan Dominiak zeréck[3].
Eng ganz Partie Konschtwierker aus Polen, der Ukrain, Schweden, Ungarn a Brasilien ginn am Musée ausgestallt. De Musée huet eng Sammlung vun iwwer 973 Exponater, aus dem 20. oder 21. Joerhonnert[8][9].
D'Ausstellungen am Musée si souwuel chronologesch wéi och thematesch agedeelt, et gesäit ee Saachen, déi zënter dem 20. Joerhonnert fonnt goufen: Dekoratiounen a Medailen, Eedelsteng, Konschthandwierk, ugewannt Konscht a Waffe mat enger een- oder zweeschneideger Kléng oder Limecht a mat engem Grëff (ënnerschiddlech Schwäerter, en Deegen, en Dolch, eng Aaxt), a Konschtkollektioune vum 20. bis d'21. Joerhonnert, déi verschiddenst Disziplinnen a Konschtdomänen, vun der Molerei bis bei d'Fotografie, vun der Zeechnung[1] bis zu Grafiken[2], Skulpturen aus Sëlwer nieft där aus Leem a Keramik, och äerde Geschier (ënnerschiddlech Behälteren, e Krou a Vasen).[3]