Mindelo (Cap Vert)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mindelo ass eng Stad op der Insel São Vicente, um Cap Vert. Mat 76.107 Awunner (2010) ass et déi zweetgréisst Stad op de Kapverdeschen Inselen.
Den Hafen, dee vun 1850 un eng wichteg Ravitaillementsstatioun op den Transatlantikroutë war, ass haut ë. a. eng Statioun fir Croisièresschëffer a fir d'Fären op d'Insel Santo Antão.
Mindelo ass fir seng Fuesent bekannt, déi un de brasilianesche Karneval erënnert. Si gëtt gär als déi kulturell Haaptstad vum Cap Vert duergestallt.