Michèle Morgan
franséisch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Michèle Morgan gebuer als Simone Roussel den 29. Februar 1920 zu Neuilly-sur-Seine, a gestuerwen den 20. Dezember 2016, war eng franséisch Schauspillerin.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Michèle Morgan | |
---|---|
Gebuertsnumm | Simone Renée Roussel |
Gebuer |
29. Februar 1920 Neuilly-sur-Seine |
Gestuerwen |
20. Dezember 2016 Neuilly-sur-Seine |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Simon |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | William Marshall, Henri Vidal, Gérard Oury |
Geschwëster | Hélène Roussel |
Kanner | Mike Marshall |
Zoumaachen
Hir Aen hunn d'Zuschauer bezaubert, soudatt de Jacques Prévert gesot huet, hire Blëck géif fir ëmmer an der Mythologie vum Kino agravéiert bleiwen.
Hir Memoirë goufen 1977 ënner dem Titel Avec ces yeux-là, publizéiert.
Si ass 1942 mam Bill Marshall bestuet ginn. No der Scheedung huet si sech mam Schauspiller Henri Vidal bestuet. Nom Henri Vidal sengem Doud war si mam Regisseur a Schauspiller Gérard Oury zesummen, deen 2007 gestuerwen ass.
Nom Film Benjamin ou Les mémoires d'un puceau huet si sech besonnesch mat Molerei ofginn.