Michel Malherbe
Lëtzebuergesche Politiker a Sportler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Michel Malherbe, gebuer de 16. Dezember 1957 zu Sprimont, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP) a fréiere Sportler. Hien ass zënter dem 1. Februar 2016 Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Michel Malherbe | |
---|---|
Gebuer | 16. Dezember 1957 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lokalpolitiker, Sportler |
![]() |
Zoumaachen
Virdru war hien do zënter 1996 am Gemengerot an zënter 2009 Schäffen.
De Michel Malherbe war Verkafsdirekter an ass ewell Beroder bei enger Pëtrolsentreprise. A senger Jugend war hien e puermol Landesmeeschter am Judo.
Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.