Michael Curtiz
ungaresch-éisträichesch-amerikanesche Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Michael Curtiz, gebuer als Mihály Kertész Kaminer, och Manó Kertész Kaminer, de 24. Dezember 1886 zu Budapest, dunn Éisträich-Ungarn, a gestuerwen den 11. Abrëll 1962 zu Hollywood a Kalifornien, war en ungaresch-éisträichesch-amerikanesche Filmregisseur.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Michael Curtiz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Kaminer Manó |
Gebuer |
24. Dezember 1886 Budapest |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1962 Sherman Oaks |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Ungarn, USA |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Lili Damita |
Zoumaachen
Wärend senger iwwer 50-järeger Karriär huet hien eng 160 Filmer realiséiert. Ufanks huet hien an Ungarn an an Éisträich geschafft, ier en an der Mëtt vun den 1920er Joren op Hollywood goung. Säi bekanntste Film ass haut Casablanca, fir deen en 1944 den Oscar als beschte Regisseur krut.
Och an anere Genren hat hie Succès, mat Filmer wéi The Adventures of Robin Hood, Angels With Dirty Faces, Mildred Pierce oder White Christmas.