Metz (Famill)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Famill Metz ass eng prominent lëtzebuergesch Famill, déi vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert an am Ufank vum 20. Joerhonnert eng wichteg Roll an der Politik an an der Industrie gespillt huet. De Grënner vun der Famill war de Jean Metz, deen néng Kanner hat. Zu der zweeter Generatioun hunn den Auguste Metz, de Charles Metz an den Norbert Metz gehéiert, déi allen dräi wichteg liberal Politiker an der éischter Zäit vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet waren. Déi dräi Bridder hu wichteg politesch an ekonomesch Accenten zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert gesat an ënner hire Kanner waren och nach e puer politesch a an industriell wichteg Leit.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Famill Metz. Fir aner Begrëffer mam Numm Metz, kuckt wgl. Metz (Homonymie). |
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Familljemembere vun der Famill Metz waren och duerch Bestietnes an anere bekannten a wichtege Famille wéi Le Gallais, Vannérus, Laval a Laeis vertrueden.