McDonald Observatoire
From Wikipedia, the free encyclopedia
De McDonald Observatoire steet an enger Héicht vun 2.104 Meter um Mount Locke, no bei der Stad Fort Davis an den „Davis Mountains“ vun Texas, USA. Den Terrain ass am Besëtz vun der University of Texas at Austin a gëtt gréisstendeels vun der Universitéit finanzéiert, zu engem klengen Deel mam Loyer vun der Observatiounszäit vun den Teleskopen. Den Observatoire ass mat enger Zuel vun Instrumenter fir optesch Biller a Spektroskopie gëeegent. En huet och déi éischt Laser-Mound-Distanzmiessungsariichtung. McDonald schafft, obschonn et Verwaltungstechnesch separat ass, mat der Astronomie-Sektioun vun der Universéit vun Texas an Austin zesummen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/31/USA_harlan_j_smith_telescope_TX.jpg/640px-USA_harlan_j_smith_telescope_TX.jpg)
D'Fuerschungsberäicher am McDonald Observatoire decke vill Theemen a Projete wéi beispillsweis Planéitesystemer, Stär- a Sonnespektroskopie, interstellare Raum, extraglaktesch Phenomeener an theoreetesch Astronomie.