![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d4/Max_Weber_in_1918.png/640px-Max_Weber_in_1918.png&w=640&q=50)
Max Weber
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Maximilian Carl Emil Weber, gebuer den 21. Abrëll 1864 zu Erfurt a gestuerwen de 14. Juni 1920 zu München, war en däitsche Soziolog.
Max Weber | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Maximilian Carl Emil Weber |
Gebuer |
21. Abrëll 1864 Erfurt |
Gestuerwen |
14. Juni 1920 München |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen, Weimarer Republik, Däitscht Keeserräich |
Educatioun |
Universitéit vun Heidelberg, Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg, Universitéit Wien, Universitéit vu München, Universitéit Göttingen, Humboldt-Universitéit Berlin, Kaiserin-Augusta-Gymnasium, Universitéit vu Stroossbuerg |
Aktivitéit | Jurist, Ekonomist, Soziolog, Philosoph, Anthropolog, Affekot, Universitéitsprofesser, Musikolog, Politiker, Historiker |
Member vun | Bayeresch Wëssenschaftsakademie |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Else von Richthofen |
![]() |
Dem Max Weber seng Publikatioun Die protestantische Ethik und der Geist des Kapitalismus zielt, nieft senger Schrëft Wirtschaft und Gesellschaft, zu senge wichtegste Kontributiounen am Beräich vun der Soziologie an ass e fundamentaalt Wierk vun der Reliounssoziologie. Nom Max Weber gëtt et tëscht der protestantescher Eethik an dem Ufank vum Kapitalismus, respektiv der Industrialiséierung a Westeuropa en enken Zesummenhang: d'Kompatibilitéit vun der Eethik oder Weltusiicht vun de Protestanten, besonnesch vun de Calvinisten, mam kapitalistesche Prinzip vun der Akkumulatioun vum Kapital a vun der Reinvestitioun vum Profit war een idealen Hannergrond fir d'Industrialiséierung. De Weber huet säi Wierk an zwou Etappe geschriwwen, deels virun enger Rees an Amerika (August-Dezember 1904), wou hien zu St. Louis un engem wëssenschaftleche Kongress deelgeholl huet, an deels duerno (1905).