Mariinski-Theater
Theater zu Sankt-Petersburg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mariinski-Theater ass eent vun de bekanntsten Operen- a Balletthaiser vun der Welt. D'Gebai steet zu Sankt Péitersbuerg op der Theaterplaz; vill wichteg russesch Opern a Balletten hunn do hir Première gefeiert. De sougenannte Kirow-Ballett, deen an der ganzer Welt bekannt gouf, ass do doheem. Dëse Balett huet den offiziellen Numm Ballett-Kompagnie vum Mariinski-Theater kritt.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Land | Russescht Keeserräich |
---|---|
Gemeng | Sankt Péitersbuerg |
Plaz | Sankt Péitersbuerg |
Koordinaten | 59°55'32,2"N, 30°17'46,0"O |
Datum vum Bau | 5. Oktober 1783 (julianesch) |
Opgaangen | 2. Oktober 1860 |
Genannt no | Marie vun Hessen-Darmstadt |
Dat 1860 vum Alberto Cavos gebaute Gebai gouf am Ufank no der Maria Alexandrowna von Hessen-Darmstadt, der Fra vum Zar Alexander II., geenannt. 1919 huet et den Numm "GATOB" ("Gosudarstvennyj akademičeskij teatr opery i baleta", Staatlechen Akadeemeschen Operen- a Ballettheater) kritt a gouf 1935 no dem 1934 ermuerte President vum Leningrader Sowjet, Sergei Kirow, a "Kirow-Theater" ëmbenannt. 1992 huet et säin éischten Numm erëmkritt.
Am Gebai ass fir bal 2000 Spectateure Plaz. Den Operesall ass mat vill Opwand a Blo, Wäiss a Gold dekoréiert. Bis 2009 goufe grouss Restauréierungs- an Ëmbauaarbechten ënner der Leedung vum Architekt Dominique Perrault gemaach.
Intendant vum Theater ass de Waleri Abissalowitsch Gergijew.