From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, bestuet Äerzherzogin Marie-Astrid vun Éisträich, mam vollen Numm Liliane Charlotte Léopoldine Wilhelmine Ingeborg Antonia/Antoinette Élisabeth/Elisabeth Anne/Anna Alberte/Alberta von Habsburg-Lothringen, gebuer de 17. Februar 1954 op Schlass Betzder, ass déi eelst Duechter an dat éischt Kand vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte. Deementspriechend ass si d'grouss Schwëster vum aktuelle Groussherzog Henri.
Marie-Astrid vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Prinzessin vu Lëtzebuerg | |
Äerzherzogin vun Éisträich | |
Biographie | |
Gebuer |
17. Februar 1954 Schlass Betzder |
Papp | Jean vu Lëtzebuerg |
Mamm | Joséphine-Charlotte vun der Belsch |
Geschwëster | Margaretha vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg |
Si ass zu Lëtzebuerg an an der Belsch an d'Schoul gaangen an huet eng Ausbildung als Infirmière gemaach, fir déi se 1977 en Infirmières-Diplom mat Spezialiséierung an tropescher Medezin vum Institut Prince Léopold krut. Zanter 1970 ass si Presidentin vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.
De 6. Februar 1982 huet si an der Stad Lëtzebuerg den Äerzherzog Carl Christian vun Éisträich bestuet, e klenge Koseng vun hir.
Si hu 5 Kanner:
No hir benannt goufen ë. a. e Spidol, eng Chorale, e Fliger vun der Luxair an e puer Muselschëffer; op engem dovu gouf d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.