![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6f/Mare_Cognitum.jpg/640px-Mare_Cognitum.jpg&w=640&q=50)
Mare Cognitum
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mare Cognitum (lat. „Bekannt Mier“) ass e klengt Moundmier, dat am Südoste vum Oceanus Procellarum-Becken an eppes westlech vun der visueller Moundmëtt läit.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6f/Mare_Cognitum.jpg/320px-Mare_Cognitum.jpg)
Et huet e mëttleren Duerchmiesser vun 376 km a grenzt am Nordwesten un d'Bierger Montes Riphaeus, am Südosten un d'Mare Nubium. Säi Mëttelpunkt huet d'selenographesch Koordinaten 10,0° Süd an 23,1° West.
D'Apollo 14 war beim Krater Fra Mauro no beim Mare Cognitum gelant. De Krater gouf duerch d'Fotoserie vun der Opschlagsond Ranger 7 am Joer 1964 fir d'éischt méi no ënnersicht.