Manuel de Falla
spuenesche Komponist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Manuel María de Falla y Matheu, gebuer den 23. November 1876 zu Cádiz a gestuerwen de 14. November 1946 zu Alta Gracia an Argentinien, war e spuenesche Komponist.
Manuel de Falla | |
---|---|
Gebuertsnumm | Manuel María de los Dolores Clemente Ramón del Sagrado Corazón de Jesús Falla y Matheu |
Gebuer |
23. November 1876 Cádiz |
Gestuerwen | 14. November 1946 |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Komponist, Dichter, Pianist |
Member vun | Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina |
Hien huet 1896 nahm um Madrider Conservatoire Piano geléiert, an huet an de Joren duerno eng Rëtsch Präisser gewonnen a seng éischt Kompositiuonen, dorënner Lieder, Piano- a Kammermusek.
1905hat hie säin Duerchbroch mat der Oper La vida breve, déi den éischte Präis beim Opereconcours vun der Real Academia de Bellas Artes de San Fernando gewonnen huet. 1907 ass en op Paräis gaangen, wou en impressionistesche Komponiste wéi de Claude Debussy, Maurice Ravel, Paul Dukas an den Isaac Albéniz kennegeléiert huet, déi säi Stil mat beaflosst hunn. Aus där Zäit si seng Kompositiounen Trois mélodies (1909, no Gedichter vum Théophile Gautier) a Siete canciones populares españolas (1912).
Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, goung den de Falla hannescht op Madrid, wou 1915 seng „Gitanería“ El amor brujo Première hat (et gouf duerno zu engem Ballett mat Gesang ëmgeschriwwen). 1916 koum d'Suite fir Piano an Orchester Noches en los jardines de España eraus. Aner Wierker déi nokoumen, waren El corregidor y la molinera (1917), dat en dunn an de Ballett El sombrero de tres picos ëmgeschriwwen huet (1919).
An de Joren duerno huet sech säi Stil vum Impressionismus ewech zu engem méi "spracken", klassesche Stil hin entwéckelt. 1923 koum d'Poppenoper El retablo de maese Pedro, nom Cervantes sengem Don Quijote, eraus, 1926 e Concert fir Cembalo a fënnef Soloinstrumenter, an huet duerno den szeneschen Oratorium Atlántida ugefaangen ze schreiwen, deen en awer net fäerdeg krut.
1939 ass den de Falla an Argentinien emigréiert, wou en 1946 gestuerwen ass. E gouf a senger Gebuertsstad Cádiz begruewen.