Manfred Memorial Moon Mission
Moundsond an Amateurfunksatellit / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Manfred Memorial Moon Mission (oder 4M-Missioun) war eng däitsch-lëtzebuergesch Moundsond an en Amateurfunksatellit.
Méi Informatiounen 4M-Mission ...
4M-Mission | |
---|---|
Typ | Moundsond, Amateurfunksatellit |
Land | ![]() ![]() |
Agentur | LuxSpace OHB |
COSPAR-Bezeechnung | 2014-065B |
Apogeum | 404.724 km |
Perigeum | 1.282 km |
Bunnschréi | 30,4737° |
Mass | 14 kg |
Gréisst | zirka 61 cm × 26 cm × 10 cm (L×B×H) |
Bunn-Ëmlafzäit | 15.746,1 Minutten |
Exzentrizitéit | |
Start | 23. Oktober 2014, 18:00 UTC |
Startplaz | Kosmodrom Xichang |
Drorakéit | Laange Marsch 3 |
Status | vergloust de 6. Oktober 2015 |
Zoumaachen
Bei der 4M-Missioun huet et sech ëm eng Laanschtfluchsond gehandelt, déi op der Bunn zum Mound an zréck déi kosmesch Stralung ënnersicht huet. 4M hat och eng Amateurfunknotzlaascht mat, déi d'Telemetrie iwwerdroen hat an en Amateurfunkexperiment abezunn huet. D'Käschte vum Projet ware 400.000 EUR. D'Missioun war eng Widmung un de Firmengrënner vun OHB, Manfred Fuchs, deen 2014 gestuerwe war. De Fuchs war nach un der Virbereedung vun der Missioun bedeelegt.