![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Esopia00046teles.jpg/640px-Esopia00046teles.jpg&w=640&q=50)
MPG/ESO-2,2-m-Teleskop
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den MPG/ESO-2,2-m-Teleskop (engl. MPG/ESO 2.2 m Telescope) ass e Spigelteleskop vum ESO op enger Ritchey-Chrétien-Montéierung mat 2,2 Meter Apertur um La-Silla-Observatoire am Chile. Et gouf 1983 vun der Firma Zeiss gebaut, an ass zanter 1984 a Betrib. D'Max-Planck-Institut für Astronomie MPIA mat Sëtz zu Heidelberg, als Deel vun der Max-Planck-Gesellschaft MPG huet dem Europäesche Südobservatoire d'Teleskop op onbestëmmt Zäit geléint. D'Observatiounszäiten um Teleskop ginn tëscht MPIA an ESO opgedeelt, wärend de Betrib an den Ënnerhalt an der Verantwortung vun der ESO leien. Den Teleskop steet op enger Héicht vun 2.335 m.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Esopia00046teles.jpg/640px-Esopia00046teles.jpg)