Wikimedia-Lëschtenartikel From Wikipedia, the free encyclopedia
Dësen Artikel gëtt eng Iwwersiicht iwwer all lëtzebuergesch Filmer déi fir en Oscar virgeschloe waren.
Am 21. Joerhonnert goufen eng ganz Rei lëtzebuergesch Filmer als Bäiträg fir de renomméierten US-amerikanesche Filmpräis Academy Award agereecht, besser bekannt als "Oscar". Dëst si souwuel den national Bäitrag an der Kategorie "Beschten internationale Film" (Academy Award for Best International Feature Film), déi virun 2020 "Beschte friemsproochege Film" (Best Foreign Language Film) geheescht huet, wéi och Lëtzebuerger Filmer a Koproduktioune mat anere Länner an anere Kategorien.
Bis ewell gouf just ee lëtzebuergesche Film mat engem Oscar ausgezeechent. Dat ass de lëtzebuergesch-franséischen animéierte Kuerzfilm Mr Hublot am Joer 2014.
All Land kann e Film an der Kategorie "Beschten Internationale Film" bei der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, areechen. Dofir muss de Film eng Minimulängt vu 40 Minutten hunn, baussent den USA produzéiert gi sinn a mindestens 50% vum Dialog muss an enger Sprooch sinn, déi net Englesch ass. Dowéinst ass et och obligatoresch, Ënnertitelle beim Areeche vum Film matzeliwweren. Och Animatiounsfilmer an Documentaire sinn zougelooss. De Film muss mindestens siwe konsekutiv Deeg an engem komerzielle Kino gelaf sinn. Donieft gëtt et och ganz spezifesch Krittäre fir d'Film- an d'Audioformat. Schlussendlech muss d'Land, dat de Film areecht, bestätegen, datt d'kreativ Kontrol ("creative control") iwwer de Film gréisstendeels bei engem Bierger oder engem Resident vum Land loung.[1]
Déi Lëtzebuerger Film-Propose gëtt vun enger Jury entscheet. An där Jury sëtze Vertrieder vun de lëtzebuergesche Verbänn vun der audiovisueller Produktioun, de Regisseuren an den Zeenaristen, den audiovisuellen Techniker, de Schauspiller, dem Filmfong, dem CNA an der Stater Cinemathéik.[2][3][4][5]
Zesumme mat der demokratescher Republik Kongo, Südafrika an der Ukraine war Lëtzebuerg 1997 eent vu véier Länner, dat fir d'éischt Kéier e Film an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" agereecht huet.[6] Et war de franséischsproochege Film Elles. 44 aner Länner haten e Film agereecht, an d'Lëtzebuerger Film gouf net nominéiert.
Zënterhier huet Lëtzebuerg reegelméisseg, mä net all Joer e Film agereecht. 2010, 2011 an 2012 ass de lëtzebuergeschen Auswiecomtié all Joer zesummekomm, mee huet bekannt ginn, datt wéinst engem Manktem u gëeegnete Kandidate kee Film géif ageschéckt ginn.[7]
Et gouf nach kee Film nominéiert.
De Film Your Name Is Justine aus dem Joer 2006 gouf vun der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, disqualifizéiert. D'Akademie hat zwar kuerz virdrun de Krittär, datt de Film an der Landessprooch misst sinn, ofgeschaaft[8], mä de Film gouf verworf well e Land fir seng Propositioun misst beweise kënnen, datt "kreatiivt Talent vum Land d'kënschtleresch Kontrol iwwert de Film" hat, an dat wier net de Fall gewiescht. Den Joy Hoffmann, deemolege President vum Selectiounscomité, huet seng Enttäuschung iwwer déi Entscheedung ausgedréckt a commentéiert, datt de Comité sech bewosst war, datt Your Name Is Justine e grenzwäertege Bäitrag wier, mä datt et de Film ouni Lëtzebuerg net géif gi. Lëtzebuerg hätt 75% vum Budget geliwwert.[9] De polnesch-, däitsch an engleschsproochege Film vum Regisseur Franco de Pena, deen am Venezuela gebuer ass an a Pole lieft, ass eng Koproduktioun tëscht der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Hemisphere Films an dem polneschen Opus Film. E spillt zu Berlin a gouf gréisstendeels zu Lëtzebuerg gedréint.[10]
Joer (Zeremonie) |
Film | Regisseur/in | Sprooch | Resultat | Quell |
---|---|---|---|---|---|
1997 (70.) |
Elles | Luis Galvao Teles | Franséisch, Portugiesesch | net nominéiert | [6] |
1998 (71.) |
Back in Trouble | Andy Bausch | Lëtzebuergesch, Däitsch | net nominéiert | [11] |
1999 (72.) |
- | - | - | - | - |
2000 (73.) |
- | - | - | - | - |
2001 (74.) |
- | - | - | - | - |
2002 (75.) |
Petites misères | Philippe Boon a Laurent Brandenbourger | Franséisch | net nominéiert | [12] |
2003 (76.) |
J'ai toujours voulu être une sainte | Geneviève Mersch | Franséisch | net nominéiert | [13] |
2004 (77.) |
- | - | - | - | - |
2005 (78.) |
Le Roman de Renart | Thierry Schiel | Franséisch | net nominéiert | [14] |
2006 (79.) |
Your Name Is Justine | Franco de Pena | Polnesch, Englesch, Däitsch | disqualifizéiert | [2][9][15] |
2007 (80.) |
Perl oder Pica | Pol Cruchten | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [16] |
2008 (81.) |
Nuits d'Arabie | Paul Kieffer | Franséisch, Arabesch, Lëtzebuergesch | net nominéiert | [17] |
2009 (82.) |
Réfractaire | Nicolas Steil | Franséisch | net nominéiert | [18] |
2010 (83.) |
- | - | - | - | - |
2011 (84.) |
- | - | - | - | - |
2012 (85.) |
- | - | - | - | - |
2013 (86.) |
Doudege Wénkel | Christophe Wagner | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [3] |
2014 (87.) |
Never Die Young | Pol Cruchten | Franséisch | net nominéiert | [19] |
2015 (88.) |
Baby (a)lone | Donato Rotunno | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [20] |
2016 (89.) |
Voices from Chernobyl | Pol Cruchten | Franséisch | net nominéiert | [4] |
2017 (90.) |
Barrage | Laura Schroeder | Franséisch | net nominéiert | [21][22][23] |
2018 (91.) |
Gutland | Govinda Van Maele | Lëtzebuergesch, Däitsch | net nominéiert | [24] |
2019 (92.) |
Tel Aviv on Fire | Sameh Zoabi | Hebräesch, Arabesch | net nominéiert | [25] |
2020 (93.) |
Cuentos del río | Julie Schroell | Spuenesch | net nominéiert | [26] |
2021 (94.) |
Io sto bene | Donato Rotunno | Italieenesch, Franséiesch, Lëtzebuergesch | net nominéiert | [27] |
2022 (95.) |
Icare | Carlo Vogele | Franséisch | net nominéiert | |
2023 (96.) |
Läif a Séil | Loïc Tanson | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [28] |
Donieft gëtt et eng ganz Rei Filmer, déi vu lëtzebuergeschen Entreprise koproduzéiert goufen an déi vun anere Länner als deenen hir Propositioun agereecht goufen.
Joer (Zeremonie) |
Film (Regisseur/in) |
Areechungsland (a Koproduktiounslänner) |
Sprooch | Resultat | Quell |
---|---|---|---|---|---|
2003 (76.) |
De tweeling Olivier Masset-Depasse |
Holland (Lëtzebuerg) |
Hollännesch | net nominéiert | [29] |
2010 (83.) |
Illégal Olivier Masset-Depasse |
Belsch (Lëtzebuerg, Frankräich) |
Franséisch, Russesch | net nominéiert | [30] |
2010 (83.) |
La petite chambre Stéphanie Chuat a Véronique Reymond |
Schwäiz (Lëtzebuerg) |
Franséisch | net nominéiert | [31] |
2015 (88.) |
Le Tout Nouveau Testament Jaco Van Dormael |
Belsch (Lëtzebuerg) |
Franséisch | net nominéiert | [32] |
2020 (93.) |
Deux Filippo Meneghetti |
Frankräich (Belsch, Lëtzebuerg) |
Franséisch | net nominéiert | [33] |
2020 (93.) |
Colectiv Alexander Nanau |
Rumänien (Lëtzebuerg) |
Rumänesch | nominéiert | [34] |
Mr Hublot vum Laurent Witz an Alexandre Espigares aus dem Joer 2013 gouf als bis ewell eenzeg lëtzebuergesch Produktioun mam Oscar präisgekréint, an dat an der Kategorie "Beschten animéierte Kuerzfilm" (Academy Award for Best Animated Short Film). En ass eng Koproduktioun tëscht dem Fransous Laurent Witz an dem Lëtzebuerger Alexandre Espigares.[35]
En Rei aner Filmer, bal alles Koproduktioune mat anere Länner, hunn et gepackt fir an anere Kategorien nominéiert ze ginn. Déi meescht dovu sinn Animatiounsfilmer.
Joer (Zeremonie) |
Film (Regisseur/in) |
Sprooch | Produktiounslänner | Kategorie | Resultat | Quell |
---|---|---|---|---|---|---|
2000 (76.) |
Shadow of the Vampire E. Elias Merhige |
Englesch | Lëtzebuerg, USA, Groussbritannien | Beschte Schauspiller an enger Nieweroll ("Academy Award for Best Supporting Actor") fir de Willem Dafoe Beschte Maquillage ("Academy Award for Best Makeup and Hairstyling") fir d' Ann Buchanan an d'Amber Sibley |
nominéiert | [36] |
2013 (86.) |
Ernest et Célestine Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner |
Franséisch | Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") | nominéiert | [37] |
2013 (86.) |
Mr Hublot Laurent Witz an Alexandre Espigares |
ouni Dialog | Lëtzebuerg, Frankräich | Beschten animéierte Kuerzfilm ("Best Animated Short Film") | gewonnen | [35] |
2014 (87.) |
Song of the Sea Tomm Moore |
Englesch / Iresch / Franséisch (dräi Sproocheversiounen) | Lëtzebuerg, Irland, Belsch, Dänemark, Frankräich | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature Film") | nominéiert | [38] |
2017 (90.) |
The Breadwinner Nora Twomey | Englesch | Lëtzebuerg, Kanada, Irland | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") | nominéiert | [35] |
2020 (93.) |
Wolfwalkers Tomm Moore a Ross Stewart |
Englesch | Lëtzebuerg, Irland, Frankräich | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") | nominéiert | [34][35] |
2020 (93.) |
Colectiv Alexander Nanau |
Rumänesch | Lëtzebuerg, Rumänien | Beschten Documentaire ("Best Documentary Feature") | nominéiert | [34] |
2023 (96.) |
La valise rouge Cyrus Neshvad |
Lëtzebuerg | Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm | nominéiert |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.