Secondairesschoul um Belval From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée Bel-Val ass en ëffentleche Lycée um Belval deen am September 2011 opgoung. E läit nieft dem Park Belval, um Terrain vun der Gemeng Suessem.
Aganksberäich vum Lycée Bel-Val | |
(LBV) | |
---|---|
Typ | ëffentlech Schoul, Secondairesschoul |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Belval |
Leedung | Astrid Schuller |
Schülerzuel | 1.305 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 9. Juli 2007 |
Genannt no | Mineralwaasserquell Bel-Val |
Um Spaweck | https://www.lbv.lu/ |
En huet Plaz fir 1.200 bis 1.500 Schüler aus Secondaire (Classique a General), déi op 67 Klassen iwwer 3 Stäck verdeelt sinn. Do kommen nach Atelieren, eng Kantin, eng Bibliothéik, e Festsall, asw. derbäi.
De 14. Juli 2007 gouf en ëffentleche Lycée um Belval geschaf[1] a mam Gesetz vum 24. Juli 2007 krut d'Regierung d'Erlabnes fir e Lycée fir Secondaire- an technesche Secondaireunterrecht op de Frichë vun Esch-Belval ze bauen[2].
De Projet, deen am Mäerz 2007 vum Bauteminister Claude Wiseler virgestallt gouf, huet fir d'Pläng, de Bau an den Ekipement Käschte vun 111 Milliounen Euro virgesinn[3].
Den 30. Januar 2008 hunn d'Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres an de Bauteminister Claude Wiseler de Grondstee geluecht. Den 3. Abrëll 2009 koum et zu enger weiderer Zeremonie, déi den Ufank vun den Aarbechte sollt symboliséieren, dës Kéier a Presenz vun der Mady Delvaux-Stehres, dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf, an de Buergermeeschtere vun Esch-Uelzecht a Suessem[4].
De 27. Februar 2011 krut de Lycée duerch e Règlement grand-ducal säin Numm[5]. D'Schreifweis "Bel-Val" soll un déi fréier Mineralwaasserquell erënneren; déi et an der Zäit direkt nieft dem Site gouf.
Zesumme mam Lycée gouf de 16. September 2011 och eng nei Gare tëscht der Gare Belval-Université an der Gare Belval-Réideng, d'Gare Belval Lycée, a Betrib geholl.
Commons: Lycée Bel-Val – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.