ëffentlech Secondaires– an Héichschoul zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée technique d'Ettelbruck, gekierzt LTEtt, ass eng ëffentlech Secondaires- an Héichschoul zu Ettelbréck, déi hir Schüler virun allem op technesch Beruffer spezialiséiert.
De Lycée technique zu Ettelbréck (2021) | |
(LTEtt) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Ettelbréck |
Adress | 71, Avenue Salentiny L-9080 Ettelbréck |
Leedung | Fränk Fries |
Schülerzuel | 1.555 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur |
Genannt no | Ettelbréck |
Um Spaweck | https://www.ltett.lu |
Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum « Enseignement moyen »[1], gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 18. Juni 1969 de Collège d'enseignement moyen, och Mëttelschoul genannt, zu Ettelbréck geschaaft[2].
D'Beruffsausbildung vun Ettelbréck ass mam Reglement grand-ducal vum 15. Juli 1969, bei d'Ettelbrécker Mëttelschoul geprafft ginn an d'Schoul krut dunn den Numm « Collège d'enseignement moyen et professionnel d'Ettelbruck »[3].
De Bau vum Schoulgebai an der Avenue Salentiny war am Oktober 1969 fäerdeg[4].
1979 koum en neit Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Beruffsausbildung an den technesche Secondairesschoulen an doduerch gouf d'Mëttelschoul (Enseignement moyen) ofgeschaaft. Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 1979 kritt d'Schoule den neien Numm « Lycée technique d'Ettelbruck »[5].
Am Joer 2021/22 hat de Lycée ongeféier 1.500 Schüler, 220 Enseignanten a 50 Leit am administrative Beräich[6].
Den LTEtt bitt Unterrecht am Secondaire Classique, General an am Professionnel un an zanter 2015 och e BTS[8]. Eng Sektioun „Ëmweltwëssenschaften“ gouf 2018 agefouert. Et ass eng Spezialiséierung fir 2e an 1re-Klassen[8][9].
D'Formatiounen am LTEtt begräifen:
Zyklus vun dräi Joer an den ënneschte Klassen (7e bis 5e).
Kompletten Zyklus vu 7e bis 1re mat enger exklusiver Offer, dem COPRAL.
An Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Arméi, gëtt et zanter 2016 e Virbereedungscours op d'Selektiounsepreuvë fir de Fräiwëllegendéngscht. De COPRAL (Cours de préparation à l'armée luxembourgeoise) soll deemno d'Zuel vun de potentielle Kandidate fir d'Basisinstruktioun (Instruction de base (IB)) erhéijen an dat mat Sproochen-, Arithmetiks- a Civics-Coursen iwwer 2-3 Trimester vu jeeweils 12 Wochen. D'Schüler gi véier Deeg pro Woch an den LTEtt, an een Dag pro Woch an de Centre militaire um Härebierg fir ënnert anerem sportlech Aktivitéiten[10][11].
An der Beruffsausbildung kann een am LTEtt en Ofschloss mat engem Certificat de capacité professionnelle (CCP), Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) oder Diplôme de technicien (DT) maachen.
BTS an der Gestion d'entreprise et développement durable.
Bis 2012 huet den Département informatique d'CDays am LTEtt organiséiert wou d'Schüler technesch Beruffer an Errongenschafte entdecken a se live probéieren konnten[12].
Windmobile ass e Projet fir de Schüler a de Kanner d'Wandkraaft méi no ze bréngen. No Iddie vun 2005, gouf de Projet 2008 realiséiert. Virun allem Schüler aus Elektriker– an Elektrotechnikklassen hunn an hirer Fräizäit un dësem Projet geschafft an ënnert anerem e mobilt Wandrad opgeriicht[13][14].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.