Lunar Laser Ranging
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lunar Laser Ranging (kuerz: LLR) ass e katadioptresche Sytem mat deem vun der Äerd aus, Lafzäitmiessunge vun engem Laserstral op den Äerdmound mat der Puls-Echo-Method gemaach ginn. Déi Miessunge ginn an Europa vum Observatoire de la Côte d'Azur a vum Centre de Géodésie Spatiale vu Matera aus gemaach. LLR-Miessunge liwweren Informatiounen iwwer den Äerd-Mound-System, iwwer Äerdrotatiounsparametere souwéi Parametere fir d'Iwwerpréiwe vu Grondhypothese vun der Gravitatiounsphysik.
A Ament läit d'Genauegkeet vun de Miessunge bei e puer Zentimeter op der Äerd-Mound-Distanz. Déi Distanz ass an der Moyenne 384.400 km.