Luis Buñuel
spuenesch-mexikanesche Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Luis Buñuel Portolés, gebuer den 22. Februar 1900 zu Calanda, a Spuenien, a gestuerwen den 29. Juli 1983 zu Mexiko-Stad, war e spuenesch-mexikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmediteur. Hie gëtt zu de wichtegste Regisseure vum 20. Joerhonnert gezielt.
Luis Buñuel | |
---|---|
Gebuertsnumm | Luis Buñuel Portolés |
Gebuer |
22. Februar 1900 Calanda |
Gestuerwen |
29. Juli 1983 Mexiko-Stad |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | Spuenien, Mexiko |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Filmediteur, Schrëftsteller, Komponist, Dichter, Filmproduzent, Fotograf, Regisseur |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Concha Méndez |
Seng éischt Filmer si staark vu Surrealimus beaflosst; de Buñuel huet mam Salvador Dalí an der Paräisser Surrealiste-Grupp ronderëm den André Breton zesummegeschafft. Dat bekanntst Wierk aus där Zäit ass Un chien andalou vun 1929, an och säin zweete Film, L'Âge d'Or, huet fir e Skandal gesuergt.
No 1945 huet hie virun allem a Mexiko Filmer an den ënnerschiddlechste Genrë gedréint.
Méi spéit hat hien als zentraalt Theema vu senge Filmer dacks de Kampf géint eng Bourgeoisie, déi just nach a repetitiven a verkuuschte Ritualer weider existéiert, wéi z. B. El ángel exterminador (1962) Belle de Jour (1967) a Le charme discret de la Bourgeoisie (1972).
Fir Le charme discret... krut hien 1973 den Oscar fir dee beschten net-engeleschsproochege Film, an um Filmfestival vu Cannes krut hien 1951 fir Los Olvidados de Präis vum beschte Regisseur, an 1961 fir Viridiana d'Palme d'or.