Luc Besson
franséische Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Luc Besson, gebuer als Luc Paul Maurice Besson den 18. Mäerz 1959 zu Paräis, ass e franséische Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
Luc Besson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Luc Paul Maurice Besson |
Gebuer |
18. Mäerz 1959 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Kannerbuchauteur, Filmediteur, Delegéierte Produzent, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Virginie Silla |
Kanner | Juliette Besson, Shanna Besson, Talia Besson, Mao Besson |
Dem Luc seng Eltere waren Dauchmoniteuren am Club Med, a sou huet hie schonn als Jugendleche seng éischt Entwërf vu Le Grand Bleu geschriwwen, a mat 16 Joer vu Le Cinquième ÉLément, déi en allebéid méi spéit mat groussem Succès verfilme sollt.
Aner Filmer, mat deenen e Succès hat si Subway, Nikita, Léon, Jeanne d'Arc, oder d'Serie vum Arthur et le Minimoys. Och en ettlech Reklamms- a Musekclippe vun him hu grouss Bekanntheet kritt.
Zanter der Mëtt vun den 2000er Jore féiert de Besson manner Regie, mä konzentréiert sech op d'Produzéiere vu Filmer (wourënner d'Taxi-Serie, Taken oder Transporter, sou wéi och op aner, sozial engagéiert, Projeten.