![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a0/Louison_Bobet_%25281951%2529.jpg/640px-Louison_Bobet_%25281951%2529.jpg&w=640&q=50)
Louison Bobet
franséische Vëlossportler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Louison Bobet gebuer den 12. Mäerz 1925 zu Saint-Méen-le-Grand a gestuerwen den 13. Mäerz 1983 zu Biarritz war e franséische Vëlosprofi an Tour de France Gewënner.
Louison Bobet | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Louis Bobet |
Gebuer |
12. Mäerz 1925 Saint-Méen-le-Grand |
Gestuerwen |
13. Mäerz 1983 Biarritz |
Doudesursaach | Hirekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler, RIF- Resistenzler |
Huet matgemaach bei | Tour de France |
Famill | |
Geschwëster | Jean Bobet |
![]() |
De Bobet war Profi vun 1947 bis 1961, an huet an där Zäit 122 Victoiren eragefuer.
Hien ass fir d'Ekipp de France gefuer a fir e puer aner Ekippen: « Stella » vun 1948 bis 1955, « Mercier » vun 1955 bis 1960 an « Ignis » 1961.
Nodeem hien de Vëlo den 10. August 1962 un den Nol gehaangen hat, huet hien een Thalassotherapiezentrum zu Quiberon opgemaach an e puer Joer méi spéit en aneren zu Biarritz
Säi Brudder de Jean Bobet, dee fënnef Joer méi jonk war, huet 1955 Paris-Nice an 1956 Genua - Nice gewonnen. Hie war Drëtten 1953 am Circuit du Morbihan an dat selwecht Joer och Drëtte beim Milano-Sanremo
1993 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.