Lope de Vega
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lope de Vega, gebuer de 25. November 1562 zu Madrid an och do de 27. August 1635 gestuerwen, mam ganzen Numm Félix Lope de Vega Carpio, war e spueneschen Dichter an Theaterauteur aus dem sougenannte Gëllene Joerhonnert (Siglo de Oro).
Lope de Vega | |
---|---|
Gebuertsnumm | Félix Lope de Vega Carpio |
Gebuer |
25. November 1562 jul. Madrid |
Gestuerwen |
27. August 1635 Madrid |
Doudesursaach | Scharlach |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Dramatiker, Dichter, Schrëftsteller, Iwwersetzer, kathoulesche Priister |
Famill | |
Kanner | Marcela de San Félix |
Hie war ë. a. Sektretär vum 5. Herzog vun Alba a vum Luis Fernando de Córdoba.
Hien huet eng 1.500 Theaterstécker geschriwwen, an huet der klassescher spuenescher Form vum Kaméidisstéck an dräi Akten, der Comedia säi Stempel opgedréckt, mat hire Versmoossen, déi an der Figur vum Gracioso (engem lëschtege Kontrahent vum Haaptpersonnage), variéiert hunn. D'Haapttheme vu senge Wierker dréinen ëm d'Éier, d'Léift, de Patriotismus, d'Relioun an d'Famill. Hien huet d'"Cape et épée"s-Stécker erfonnt, sou wéi och d'Volleksdrama, an deem d'Vollek säi Recht géint d'Iwwergrëff vum Adel reklaméiert. Och mythologesch a bukkolesch Stécker hunn hie populär gemaach.
Ronn 500 vu senge Comedias sinn erhale bliwwen. Déi bekanntst sinn El juez de Zalamea, ausserdeem Gedichter a Romaner.