![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/LonnieJohnsonByRussellLee1941Crop.jpg/640px-LonnieJohnsonByRussellLee1941Crop.jpg&w=640&q=50)
Lonnie Johnson
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lonnie Johnson, gebuer den 8. Februar 1899 oder 1900 zu New Orleans, a gestuerwen de 16. Juni 1970 un de Follge vun engem Verkéiersaccident aus dem Joer 1969, war en US-amerikanischen Jazzgittarist a Banjo-Spiller.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/LonnieJohnsonByRussellLee1941Crop.jpg/640px-LonnieJohnsonByRussellLee1941Crop.jpg)
Am Joer 1917 huet de Lonnie Johnson sech eng Zäitchen dem Will Marion Cook a senger Band ugeschloss, dem "Southern Syncopated Orchestra", mat deenen hien uechter Europa gspillt huet. Wéi hien 1918 nees op New Orleans zeréckkoum, war seng ganz Famill, ausser engem Brudder, Affer vun enger Grippenepidemie ginn.
Zwee Joer méi spéit, 1920, ass de Lonnie a säi Brudder James "Steady Roll" Johnson op Saint Louis gaangen, fir do mat den Charlie Creath's Jazz-O-Maniacs an de Fate Marable opzetrieden. Am selwechte Joer huet de Lonnie munnech Placken opgeholl mat Jazz-Gréisste wéi dem Louis Armstrong mat deem senger Hot Five, dem Eddie Lang an dem Duke Ellington Orchestra.
No engem kuerzen Ausfluch op Cleveland am Ohio koum de Lonnie 1937 op Chicago zeréck an huet mam Johnny Dodds a mam Jimmie Noone bei Decca Records opgeholl. 1939 goung e bei Bluebird Records, wou hie mat bekannte Pianiste wéi dem Blind John Davis, dem Roosevelt Sykes an dem Josh Altheimer vill Opname gemaach huet. 1948 hat den Johnson e richtegen "Hit". Vu sengem Stéck Tomorrow Night, dat hie bei King Records gepresst hat, goungen iwwer 3 Millioune Placke verkaaft, fir déi Zäit e staarkt Stéck.
Seng lescht bekannt Opname waren 1967 zwéi Soloalbumen, déi beim Moses Ash senger Folkways Records erauskoumen.
1969 hat de Lonnie Johnson e béisen Autoaccident, no deem hien hallefsäiteg geläämt war, an 1970 un de Follge gestuerwen ass.