From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Lokomotiv ass e Gefier dat op Schinne fiert an en Zuch undreift.
Eng Lokomotiv transportéiert selwer keng Notzlaascht, spréch keng Passagéier oder Gidder. Dat ënnerscheet eng Lokomotiv vun enger Automotrice déi, wéi den Numm et scho seet, selwer fir den Undriff suergt.
Et gëtt ënnerschiddlech Zorte vu Lokomotiven, ofhängeg vun der Energiequell déi se benotzen.
Damplokomotive waren déi éischt Lokomotiven déi et gouf. Dobäi gi fossil Brennstoffer (Kuelen, Mazout) oder Holz verbrannt déi d'Waasser am Kessel zum Kache bréngen. Duerch de Waasserdamp entsteet Drock deen iwwer Pistonen an eng Rei Staangen d'Lokomotiv a Beweegung setzt.
Bei dieselelektresche Lokomotive gëtt eng Generatrice vun engem Dieselmotor ugedriwwen a sou elektresche Stroum produzéiert, mat deem een oder méi elektresch Motore gespeist ginn, déi d'Lokomotiv a Beweegung setzen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dieselelektresch Lokomotiv.
Bei Lokomotive mat Gasturbinne gëtt Gas benotzt fir elektresche Stroum ze produzéiere mat deem déi elektresch Motore gespeist ginn. No de Pëtrolskrisen an den 1970er Jore goufe vill sou Lokomotive gebaut.
Elektresch Lokomotive si Lokomotiven déi de Stroum fir hir Motoren aus enger Catenaire oder enger Stroumschinn kréien. Et gëtt Lokomotive fir Gläichstroum an därer fir Wiesselstroum. Gläichstroumlokomotive kënnen de Stroum direkt an hire Motor aspeisen, wärend Wiesselstroumlokomotiven de Stroum mat Hëllef vun engem Transformator oder Thyristor a Gläichstroum ëmwandele mussen.
Hybridlokomotive sinn eng relativ rezent Entwécklung bei där d'Lokomotive mat méi wéi engem System ekipéiert si fir Energie ze produzéieren. Fir gewéinlech hunn Hybridlokomotiven en Dieselmotor a kënnen zousätzlech nach mat Elektrizitéit aus enger Catenaire oder Schinn fueren.
Eng Drockloftlokomotiv ass eng Lokomotiv déi mat Drockloft ugedriwwe gëtt, déi a speziellen Drockloftbehältere gespäichert ass, déi reegelméisseg mat Hëllef vu Kompresseren opgefëllt ginn.
Duebellokomotive bestinn aus zwou Lokomotiven, déi permanent unennee gekoppelt sinn, a vun deenen am Prinzip eng aleng net funktionéiere kann.
Commons: Lokomotiven – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.