![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e2/Leonid_Meteor_Storm_1833.jpg/640px-Leonid_Meteor_Storm_1833.jpg&w=640&q=50)
Leoniden
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Leonide sinn e Stäreschnäizestroum, deen am November ze gesinn ass. De Radiant läit am Stärebild vum Léiw, ongeféier 10° nordëstlech vum Stär Regulus. Säin Urspronk ass de Koméit Tempel-Tuttle, deen op senger Ëmlafbunn ronderëm d'Sonn vill Brochstécker, d'Meteoroiden hannerléisst. Wann eis Äerdbunn sou eng Wollek vu Brochdeeler kräizt, da geroden déi an d'Atmosphär, a se verglousen. Si kënnen dann als Stäreschnäize gesi ginn.
Leoniden | |
---|---|
Aktivitéitszäitraum | 10.–21. November |
Aktivitéitsmaximum | 17. November |
Radiantenpositioun vum Aktivitéitsmaximum | RA: 10h 08m DE: +22° |
ZHR | var |
Populatiounsindex r | 2,9 |
Geozentresch Vitess | 71 km/s |
![]() |
Den Aktivitéitsmaximum ass an der Nuecht vum 17. op den 18. November z'observéieren. D'Stäreschnäize sinn dobäi mat enger geozentrescher Vitess vun zirka 71 km/s ganz séier. Fréier war de Leonidestroum méi aktiv wéi haut, an der Tëschenzäit huet d'Wollek mat de Brochstécker sech scho vill ofgebaut a wäit verspreet, woufir de Stroum an der Reegel e schwaachen opfällege Maximum opweist.
All 33 Joer kann et awer zu engem besonneschem Spektakel kommen: Wann d'Äerd d'Ëmlafbunn vum Koméit Tempel-Tuttle kräizt, kuerz nodeem deen dat bannentzegt Sonnesystem duerchlaf huet, ass d'Zuel vun de siichtbare Leoniden-Meteore besonnesch grouss. Et kënnt dann zu engem Meteorstuerm mat villen dausend Meteore pro Stonn, wéi et beispillsweis am Joer 1966 an 1999 de Fall war.