Lanzhou
From Wikipedia, the free encyclopedia
Lanzhou ass eng Stad mat enger Population vu 3,2 Mio. Awunner (2004 geschat), dovun 1.2 Mio. an der Stad selwer déi an der Volleksrepublik China läit. Si ass d'Haaptstad vun der Provënz Gansu a läit um Giele Floss, dem Huang He. Si gëtt als déi am stäerksten polluéiert Stad a China betruecht. Dës Regioun gouf schonn zur Zäit vun der Han Dynasty besidelt an huet domat eng Geschicht vu 2.000 Joer. Lanzhou huet den Numm Gëlle Stad kritt, well se eng wichteg Etappenuertschaft op der fréierer Seidestross war. Nom Enn vun der Han Dynasty koum dës Stad ënner d'Herrschaft vu verschidde Stämm, déi se als hir Haaptstad betruecht hunn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/Lanzhou-rio-amarillo-baita-shan-d03.jpg/640px-Lanzhou-rio-amarillo-baita-shan-d03.jpg)
Lanzhou | |
---|---|
![]() |
|
Land | ![]() |
Status: | Bezierkfräi Stad |
Provënz: | Gansu |
Koordinaten: | 36,06° N; 103,79° O |
Fläch: | 14.620 km² |
Awunner: | 3.200.000 (2005) |
Héicht: | 1.600 m |
Eréischt am Joer 1656 , wärend der Qing Dynasty, krut d'Stad den Numm Lanzhou.