Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lann zu Pëtschent ass eng Lann déi zu Pëtschent an der Gemeng mat selwechten Numm steet an déi wéinst hirem imposanten Ausgesinn an och hirem Alter, zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert. Den 23. Mäerz 1990 ass se an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl ginn.
Lann zu Pëtschent | |
---|---|
Kategorie | geographeschen Objet, Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°57'32"N, 6°8'30"O |
Et ass net gewosst ob et eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass.
De Bam steet um Bord vun engem privaten Terrain Um Haff (fréier: rue de l'Église) zu Pëtschent, am südlechen Ausgank vum Duerf.
De gewaltege Stamm vun der Lann, dee bal komplett ausgehielegt ass, dréit zwéin Haaptäscht. Den Usaz vun engem fréieren drëtten Haaptaascht ass nach ze gesinn.
D'Kroun vun der Lann gouf e puermol staark zeréckgeschnidden, soudatt si eng sougenannt Kapplann gouf.
De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer 500 Joer erreechen. Domat ass dëse Bam, no der Wëller Lann zu Kënzeg, déi zweetdéckst Lann zu Lëtzebuerg.
Joer | [1] | ||
---|---|---|---|
1958 | 6,43 | 1,43 | |
2000 | 6,87 | 2,19 | 18,00 |
2023 | 7,98 | 2,54 | 16,80 |
D'Lann ass komplett ausgehielegt. De Stamm steet op senger Récksäit op enger Breet vu 90 cm op, a bannenan hu sechs Erwuessener nieftenee Plaz. De Stamm besteet nëmme méi aus enger bis 20 cm décker Schuel, déi op enger Plaz duerch Kugelaschëss duerchlächert ass.
An der Ardennenoffensiv, déi grousse Schued am Duerf hannerlooss huet, gouf och d'Lann beschiedegt: hir Kroun gouf duerch Kugelen a Granaten zerrappt. Duerno ass si erëm kräfteg ausgeschloen.
Bis kuerz viru 1962 gouf et um Fouss vun der Lann e Pëtz, deen, wéi d'Waasserleitung geluecht gouf, zougeschott gouf. Vläicht sinn d'Wuerzele vun der Lann bis an de fréiere Pëtz era gewuess, fir sech mat Waasser ze versuergen.
Commons: Lann zu Pëtschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.