![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/Lakshmi_Mittal_LM.jpg/640px-Lakshmi_Mittal_LM.jpg&w=640&q=50)
Lakshmi Mittal
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lakshmi Narayan Mittal (och alt Lakshmi Niwas Mittal), gebuer de 15. Juni 1950 zu Sadulpur, am Churu District vu Rajasthan, Indien, ass en indeschen Industriellen. Der Forbes World's Billionaires List no ass hien deen 82 räichste Mënsch op der Welt, mat engem Verméige vu geschate 8,9 Milliarden Dollar.
![]() | De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Lakshmi Mittal | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 15. Juni 1950 |
Nationalitéit | Indien |
Educatioun | Universitéit vu Kalkutta |
Aktivitéit | Geschäftspersoun, Entreprener |
![]() |
Hien ass de President a PDG vun der Mittal Steel Company NV, dem weltgréisste Stolkonzern.
A Groussbritannien war en 2002 an e politesche Skandal verwéckelt, dee vun der Press Mittalgate genannt gouf. Et goung ëm en Don vun 2 Millioune Brittesch Pond un dem Premier Minister Tony Blair seng Labour Party, deen an den Zesummenhang bruecht gouf mam Blair sengem Intervenéiere beim rumänesche Premierminister, datt d'Rumäne bei engem Geschäft d'Mittal sollte favoriséieren.