From Wikipedia, the free encyclopedia
Lagman (usb. Lagʻmon/Лағмон, rus. Лагман, chin. 拉面) ass en zentralasiateschen a chineeseschen (dunganeschen/uigureschen) Deegwuerekascht, dee mat speziellen Nuddelen, Fleesch (meeschtens Schof) a Geméis gemaach gëtt.
D'Nuddelen déi dem Plat den Numm ginn hu ginn net aus engem Deegflued erausgeschnidden, mä aus engem Deegklomp gezunn. Si ënnerscheede sech vun deenen am Rescht vu China bekannte Lā miàn-Nuddelen doduerch datt se méi déck sinn.
Jee no Regioun ënnerscheet sech d'Rezept, sou kommen z. B. an Nordafghanistan Ierbessen dran, an de Kascht ka sech emol méi als Zopp oder méi als Plat presentéieren. Bekannt ass en an deene meeschte Länner vun der fréierer Sowjetunioun an a China, als Nationalkascht gëllt en a Länner wéi Usbekistan a Kirgisistan.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.