![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fd/Map_of_the_Long_March_1934-1935-en.svg/langlb-640px-Map_of_the_Long_March_1934-1935-en.svg.png&w=640&q=50)
Laange Marsch
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Laange Marsch (长征 / 長征) war de militäresche Réckzuch vun den Truppe vun der Kommunistescher Partei vu China (KPCh) an de Joren 1934/35, fir ze verhënneren, vun den Truppe vum Chiang Kai-shek senger Nationalrevolutionärer Arméi agekreest se ginn, an hinne sou z'entkommen.
![]() |
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Mao Zedong sengem militärstrategesche Laange Marsch. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Laange Marsch (Homonymie). |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fd/Map_of_the_Long_March_1934-1935-en.svg/640px-Map_of_the_Long_March_1934-1935-en.svg.png)
E gëllt als den zentralen Heldemythos vun der kommunistescher Partei vu China. Beim Laange Marsch waren a puer Ofdeelunge vun der Rouder Arméi um Wee no Westen an no Norden. Am bekanntsten ass de Marsch vun där Arméigrupp, un där hirer Spëtzt d'KPC war, an déi bannent 370 Deeg 12.500 Kilometer zeréckgeluecht soll hunn an dat duerch Géigenden, wou et wéinst dem Terrain ganz schwéier war, virun ze kommen.
Wärend dem Laange Marsch konnt de Mao Zedong seng Muechtpositioun bannent der KPCh festegen an auszubauen. Nëmme ronn een Zéngtel vun den am Ufank 90.000 Leit, déi sech aus dem Jiangxi-Sowjet op de Laange Marsch gemaach hunn, si schlussendlech den 20. Oktober 1935 um Zil ukomm. Déi, déi net matgaange waren, goufe vum Kuomingtang gefaangegeholl an ëmbruecht.