![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/37/Chartreuse_Paart.jpg/640px-Chartreuse_Paart.jpg&w=640&q=50)
La Chartreuse (Léck)
From Wikipedia, the free encyclopedia
La Chartreuse ass eng fréier Festung an duerno eng Kasär am Süde vu Léck.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/37/Chartreuse_Paart.jpg/640px-Chartreuse_Paart.jpg)
De Bau vun der Chartreuse geet op d'Zäit no de Koalitiounskricher zeréck. No der Schluecht vu Waterloo hunn déi Alliéiert op Käschte vu Frankräich eng Verdeedegungslinn opgeriicht, déi sech vun de franséische Flandern bis op Maastricht gezunn huet.
D'Hollänner hunn deemools eng Rei Festunge gebaut oder ëmgebaut, dorënner d'Festung vun Dinant an déi vu Huy, d'Zitadell vun Namouer, d'Zitall vu Léck, déi vu Maastricht, an d'Chartreuse zu Léck. Si hunn ausserdeem d'Stied Tournai, Mons, Ath, Gent, Termonde, Charleroi, Philippeville, Ostende an Diest befestegt.
Den 30. August 1817 huet de Wëllem I. en Arrêté geholl, datt am Süde vu Léck sollt eng Festung gebaut ginn an där 3.000 Mann kéinte stationéiert ginn, mat 150 Kanounen.
Déi Festung sollt um Plateau La Chartreuse um Lieu-dit Péville gebaut ginn.
Den Herzog vu Wellington huet d'Pläng, déi vum hollännesche Genie ausgeschafft goufen, approuvéiert an domat de Bau vun der Festung an d'Weeër geleet. D'Awunner vun der klenger Uertschaft op där Plaz, déi aus 15 Haiser bestanen huet, goufen expropriéiert an 43 ha Wisen, Bongerten a Gäert goufe sou fir d'Festung zu Verfügung gestallt.
Mat dem Bau gouf am Hierscht 1817 ugefaangen an 1823 stoung eng fuschnei Festung do, déi allen Norme vun där Zäit ensprach huet, mat all Noutwennegem a Kamoudheeten déi gebraucht goufen. Sou gouf et Wunnengsbléck, Büroen, Arsenaler, Magasénger, Polvermagasénger, Kichen, Bäckerei, eng Infirmerie asw. Dat Ganzt hat déi Zäit ëm déi 2.500.000 Gulde kascht.
D'Festung huet ni eng grouss Leeschtung bruecht. Déi eenzeg Kanouneschëss, déi se lassgelooss hat, waren, wéi bei der belscher Revolutioun déi Lécker déi schwaach hollännesch Garnisoun iwwerfall an d'Festung besat hunn. Dobäi hate se 39 Kanounen, 80 Ënnersätz fir d'Kanounen, a fir 500.000 Gulden gosse Kanounekugelen an d'Täsch gestach.
Wéi géint 1865 Kanoune mat gedréintem Laf an de Gebrauch koume konnt d'Festung hir Verdeedegungszwecker net méi erfëllen.
Duerch e kinneklechen Arrêté vum 8. Juli 1891 gouf d'Chartreuse als Festung deklasséiert an et gouf eng Kasär draus, an där haaptsächlech den 3. Génie stationéiert war.